Podcasts · Poterkëscht vum INLL

Um Chrëschtmaart (B1)

· 4:03

Episode Um Chrëschtmaart (B1)

0:00 4:03

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

De Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg ass zënter e Freideg op. Perfekt, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wéi zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a Glüwäin bestellen.

-

Transkript:

A: Paul, kuck emol ! D’Stad ass scho sou schéi festlech dekoréiert, iwwerall hänke Liichtercher!

B: Jo, de Chrëschtmaart ass och virun e puer Deeg opgaangen.

A: Stëmmt! Solle mer e klengen Tour driwwer maachen?

B: Hmm, ech hunn net wierklech Loscht … Et ass mir kal, an ëm dës Zäit ass et ëmmer esou voll …

A: Dajee, komm! Mir ginn och net laang, versprach! Et gëtt bestëmmt vill ze kucken. Et richt och schonn no Glüwäin a gebrannte Mandelen …

B: Ok, ok, du hues mech iwwerzeegt. Awer nëmmen, wann ech mir och e puer Gromperekichelcher kafe kann!

A: Natierlech! Mir kucke fir d’éischt e bëssen, an da kafe mir eis eppes ze drénken an z’iessen.

B: Du has Recht, et ass wierklech eng gutt Stëmmung hei.

A: Gesäis de! Komm, mir kucken emol, wat se hei um Stand alles hunn. Vläicht fanne mir jo e Kaddo fir deng Frëndin?

B: Gutt Iddi! Hatt ass frou mat selwergemaache Saachen.

A: Kuck emol, wéi fënns de dës Holzfiguren? Déi si bestëmmt vun Hand geschnëtzt.

B: Hmm, ech weess net, ech fanne se e bësse kitscheg. Mee vläicht kafen ech um Stand niewendrun e Glas Hunneg. Dat ass ëmmer gutt ze hunn an där kaler Joreszäit.

A: Wéi wier et mat engem Glüwäin? Dovu gi mer bestëmmt waarm!

B: Ech sinn dobäi. Komm, mir stellen eis hei an d’Rei. Ech hunn héieren, datt de Glüwäin op dësem Stand dee beschten ass.

C: Moien! Wat kritt Dir?

A: Zwee Glüwäin, wannechgelift.

C: Gär. Rouden oder wäissen?

A: Rouden, wannechgelift.

C: Voilà. Dat mécht 12 €. Op all Glas sinn 2 € Pfand.

A: Merci!

B: Prost, Liz, op de Chrëschtmaart!

A: Prost! (Kuerz Paus) Mmmh, dee Glüwäin ass wierklech gutt! Du has Recht, Paul, dat ass dee beschte Stand!

B: Sou, elo sinn ech awer e bëssen hongereg. Kuck emol, hei hu se Mettwurscht a Gromperekichelcher. Solle mer eis eppes huelen?

A: Jo! Ech hu richteg Loscht op eng Mettwurscht.

B: An ech huele mer e puer Gromperekichelcher. Dat ass Traditioun!

D: Gudden Owend ! Wat kritt dir?

B: Fir mech Gromperekichelcher, mat Äppelkompott wannechgelift.

A: An ech huelen eng Mettwurscht mat Moschter, wannechgelift.

D: An der Rei. Dat mécht 13€.

A: Kanns de dat gleewen? 8,50 Euro fir Gromperekichelcher mat e bëssen Äppelkompott! De Chrëschtmaart gëtt wierklech all Joer méi deier …

B: Do hues de Recht. Mee se si wierklech fantastesch! Wëlls de e Stéck schmaachen?

A: Jo, gär! Hei, du kanns och eng Kéier a meng Wurscht bäissen.

B: Mmh, déi ass och gutt! Du has awer Recht, et war eng gutt Iddi, nach en Tour iwwer de Chrëschtmaart ze maachen.

A: Ha, ech sot et jo ! Et ass ëmmer eng gutt Iddi, op de Chrëschtmaart ze goen.

The episode on the publisher’s site (opens in a new tab)

Shows are listed from Apple Podcasts' charts and directory, and Podcast Index where it is used. Every show and episode belongs to its publisher and plays from the publisher's own feed; this site hosts none of them. Explicit shows are for adult profiles only, and children’s profiles hear only children’s shows. More about this list.