Podcasts · Poterkëscht vum INLL
Aussprooch: éi - äi (A1)
· 3:21
Episode Aussprooch: éi - äi (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut trainéiere mir erëm bëssen d'Aussprooch.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Tranksript:
A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “e Accent aigu, i” an “ä, i”?
B: Dat ass eng gutt Fro!
D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey” oder “Ey”. So eng Kéier: [ɜɪ].
A: [ɜɪ]
B: Tipptopp!
So eng Kéier “Äddi”.
A: Äddi
B: Beim “ä” maache mir de Mond grouss op: Äddi
Beim “é, i” ass de Mond méi zou wéi beim “ä, i” : [ɜɪ] Beim “ä, i” ass de Mond méi grouss op wéi beim “é, i” : [æːɪ] Lauschter eng Kéier: “ä, i” : [æːɪ] an elo “é, i” : [ɜɪ]. [æːɪ], [ɜɪ] [æːɪ], [ɜɪ].
So eng Kéier “äääiii”.
A: äääiii
B: An elo “éééiiii”.
A: éééiii
B: äi, éi, äi, éi
A: äi, éi, äi, éi
B: Tipptopp! So eng Kéier “wéi”.
A: wéi
B: An elo “Wäin”
A: Wäin
B: So “wéi, Wäin”
A: wéi, Wäin
B: So “Wéi geet et dir?
A: Wéi geet et dir? (accentuer le Wéi)
B: So elo “Wäi geet et dir?”
A: Wäi geet et dir? (accentuer le Wäi)
B: Dat ass falsch, gell? “Wéi geet et dir?” ass richteg. “Wäi geet et dir?” ass falsch. Hei sinn nach Wierder mat “äi” fir d’Aussprooch ze trainéieren: Äis, äiseg, äiskal, Äiszäit, Zäit, Veräin, mäin, däin, säin, bäissen, Däitsch, däischter, jäizen, näischt, Päischtvakanz, säit/Säit, wäiss.
A: Villmools Merci fir deng Hëllef!
B: Ganz gär geschitt!
Shows are listed from Apple Podcasts' charts and directory, and Podcast Index where it is used. Every show and episode belongs to its publisher and plays from the publisher's own feed; this site hosts none of them. Explicit shows are for adult profiles only, and children’s profiles hear only children’s shows. More about this list.