Podcasts · Poterkëscht vum INLL

Aussprooch "ch" (A1-A2)

· 5:19

Episode Aussprooch "ch" (A1-A2)

0:00 5:19

Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht!

Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ?

-

Transkript:

A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus?

B: Buch.

A: An dat?

B: Bicher.

A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”?

B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”.

An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen.

Wa virun dem “ch” en “a”, en “o” oder en “u” ass, da soe mir [χ].

ach, och, uch

So eng Kéier: ach, och, uch

A: ach, och, uch

B: Gutt. Hei si Beispiller: Kach, nach, kachen, aacht, maachen

A: Kach, nach, kachen, aacht, maachen

B: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch

A: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch

B: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen

A: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen

B: Gutt!

A: Ok. Gëtt et Exceptiounen?

B: Wéi ganz oft gëtt et och hei Ausnamen. Wéi zum Beispill bei Wierder aus dem Franséischen: Tâche, Cauchemar, accouchéieren, Grand-Duché Sou. Wa virun dem “ch” en “i”, en “e” oder en “ä” ass, da soe mir [ɕ].

ich, ech, äch - “äch” mat “a Treema, c, h” oder “ech” mat “e,c,h”

So eng Kéier: ich, ech, äch

A: ich, ech, äch

B: Gutt. Beispiller: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten

A: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten

B: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen

A: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen

B: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht

A: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht

B: Tipptopp! Opgepasst! Meeschtens, wann hannert dem “ch” en “s” steet, da prononcéiere mir den “ch” als [k].

Beispiller: Dachs, Ochs, nächst, Nächsten, sechs, Béchs, Schongwichs,

Mee och hei ginn et Ausnamen. Mir maachen dat just, wann den “s” en Deel vum Wuert ass. Ausname sinn zum Beispill: du kachs, mëttwochs, du brauchs, Besuchszäit, du sichs, du gläichs, du méchs, asw.

So zum Schluss elo nach eng Kéier d’Reegel: ach och uch ich ech äch

A: ach och uch ich ech äch

B: Perfekt!

A: Cool Merci fir d’Explikatiounen!

B: ‘t ass gär geschitt!

The episode on the publisher’s site (opens in a new tab)

Shows are listed from Apple Podcasts' charts and directory, and Podcast Index where it is used. Every show and episode belongs to its publisher and plays from the publisher's own feed; this site hosts none of them. Explicit shows are for adult profiles only, and children’s profiles hear only children’s shows. More about this list.