Podcasts · Poterkëscht vum INLL

E Studentenjob (A2)

· 3:53

Episode E Studentenjob (A2)

0:00 3:53

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

E Studentenjob (A2)

A: Hey! Wéi geet et dir?

B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir?

A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen?

B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob?

A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad.

B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee?

A: Ech huelen d’Commanden, ech zerwéieren d’Clienten, ech spullen d’Glieser an heiansdo maachen ech den Inventaire.

B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren?

A: Et hänkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach.

B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann?

A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verständnisvoll.

B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du?

A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht.

B: Nee, dat ass wierklech gutt.

A: Hues du schonn e CV geschriwwen?

B: Jo, ech hu mäi CV fäerdeg, mee ech weess net genee wou ech ufänke soll.

A: Du kanns online kucken oder direkt a verschiddene Geschäfter a Caféë froen. Vill Plaze siche Studenten. D’Uni huet normalerweis och e Site, wou reegelméisseg Studentenjobs gepostginn.

B: A ok, dat wosst ech net. Ech wollt vläicht Nohëllef ginn, well ech gutt an der Mathé, Physik a Chimie sinn.

A: Dat ass perfekt! Vill Eltere sichen Nohëllef fir hir Kanner am Lycée.

B: Jo, an ech kann da meng Zäit besser organiséieren.

A: Genau. Dat ass de Virdeel vun esou engem Job.

B: Firwat hues du dann eigentlech en Niewenjob gesicht?

A: Ech wollt méi onofhängeg sinn a meng eege Saache bezuelen, wéi Bicher, Kleeder oder Reesen.

B: Dat verstinn ech. Ech wëll och Sue spuere fir meng Vakanz am Summer.

A: Wou wëlls du hifueren?

B: Ech wëll mat Frënn a Spuenie goen, vläicht op Barcelona.

A: O, dat ass eng flott Stad! Do war ech d’lescht Joer.

B: Da muss ech séier e Job fannen!

A: Dat wäert scho goen. Wann s de wëlls, kann ech meng Cheffin froen ob si nach ee sicht.

B: Hmm, ech probéieren et als éischt emol mat der Nohëllef a wann net, da mellen ech mech nach eng Kéier bei dir.

A: Ok, kee Problem.

B: Merci awer fir deng Hëllef.

A: ‘t ass gär geschitt. Ech hoffen, du fënns séier eppes, dat dir gefält.

B: Ech och!

The episode on the publisher’s site (opens in a new tab)

Shows are listed from Apple Podcasts' charts and directory, and Podcast Index where it is used. Every show and episode belongs to its publisher and plays from the publisher's own feed; this site hosts none of them. Explicit shows are for adult profiles only, and children’s profiles hear only children’s shows. More about this list.