Podcasts · Poterkëscht vum INLL
Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)
· 4:11
Episode Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e Problem mat enger Online-Bestellung huet.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am Kleederbuttek
Client: Moien. Ech wéilt gär eng Jackett an der Gréisst M umoossen.
Verkeeferin: Moien. Wat fir eng Jackett wéilt Dir gär umoossen?
Client: Déi schwaarz Jackett do. Hutt Dir se nach an der Gréisst M?
Verkeeferin: Waart, ech kucken no. Leider ass d'Gréisst M ausverkaf.
Client: Schued. Hutt Dir da vläischt nach esou eng Jackett an enger anerer Faarf?
Verkeeferin: Jo, mir hunn déi Jackett nach am Bloen.
Client: Hutt Dir se dann och nach an der Gréisst M?
Verkeeferin: Jo, si ass nach an der Gréisst M do.
Client: Kann ech se wgl. uprobéieren?
Verkeeferin: Natierlech. D'Kabinne sinn do hannen.
Client: Merci. … O, si passt gutt. Wéi vill kascht se?
Verkeeferin: Si kascht 59 Euro.
Client: Ok, da kafen ech se.
Verkeeferin: Gär. Wëllt Dir mat der Kaart oder boer bezuelen?
Client: Mat der Kaart, wgl.
Verkeeferin: Merci. Hei ass Är Quittung.
Client: Merci fir Är Hëllef!
Verkeeferin: Gär geschitt!
Eng falsch Online-Bestellung
Client: Moien. Ech hunn e Problem mat menger Bestellung, déi ech online gemaach hunn.
Service: Moien. Wat ass da geschitt?
Client: Ech hunn d’Bestellung virun enger Woch gemaach. Haut ass de Pak ukomm, mee leider ass eppes falsch.
Service: Wat ass dann net an der Rei?
Client: Ech hat eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt. Am Pak ass awer eng blo Jackett an der Gréisst L.
Service: O, dat deet mir leed. Hutt Dir d’Bestellnummer dobäi?
Client: Jo, hei ass se. D’Nummer ass 45872.
Service: Merci. Ech kucken dat direkt no. Jo, ech gesinn, datt Dir tatsächlech eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt hat.
Client: Genee. Ech brauch d’Jackett fir d’nächst Woch, dofir ass et e bëssen dréngend.
Service: Ech verstinn. Mir kënnen Iech déi richteg Jackett nach eng Kéier schécken.
Client: Wéi laang dauert d’Liwwerung?
Service: Normalerweis zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Mir maachen d’Bestellung direkt fäerdeg.
Client: Dat wier super. A wat maachen ech mat der falscher Jackett?
Service: Dir kënnt se gratis zeréckschécken. Ech schécken Iech eng E-Mail mat engem Retourlabel.
Client: Muss ech de Porto bezuelen?
Service: Nee, natierlech net. Well de Feeler bei eiser Bestellung läit, ass de Retour gratis.
Client: Ok, dat ass gutt. A kréien ech eng Confirmatioun per E-Mail?
Service: Jo, Dir kritt direkt eng Confirmatioun mat allen Informatiounen.
Client: Super. Da waarden ech op d’E-Mail. Merci fir Är Hëllef!
Service: Gär geschitt. A nach eng Kéier Pardon fir de Feeler.
Client: Kee Problem. Äddi!
Service: Äddi an e schéinen Dag!
Shows are listed from Apple Podcasts' charts and directory, and Podcast Index where it is used. Every show and episode belongs to its publisher and plays from the publisher's own feed; this site hosts none of them. Explicit shows are for adult profiles only, and children’s profiles hear only children’s shows. More about this list.