# Beim Kiné: An der Praxis & Um Telefon (A2)

An episode of [Poterkëscht vum INLL](https://invisiblenetwork.ai/podcast/1731814095), 27 Oct 2026, 5:40.

Audio: https://anchor.fm/s/f1c8499c/podcast/play/127519053/https%3A%2F%2Fd3ctxlq1ktw2nl.cloudfront.net%2Fstaging%2F2026-9-15%2F5839ad59-b8d6-c687-c4c2-2659518bc41e.mp3

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger beim Kiné: fir d'éischt ass e Patient an der Praxis wéinst Réckwéi, an duerno en Telefonat mat dem Sekretariat wéinst engem Problem mat enger Rechnung. - Transkript: Beim Kiné Kiné: Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen? Patient: Moien. Ech hunn zënter e puer Deeg Réckwéi. Kiné: Wou deet et wéi? Patient: Am ënneschte Réck. Et deet virun allem wéi, wann ech mech no vir bécken. Kiné: Wéi laang hutt Dir scho wéi? Patient: Zënter véier Deeg. Kiné: Hutt Dir Iech iergendwéi blesséiert? Patient: Nee, ech mengen net. Mee ech hunn de leschte Weekend vill Sport gemaach. Kiné: Wat fir e Sport maacht Dir? Patient: Ech spillen zweemol d'Woch Tennis. Kiné: Ok. Ech kucken elo Äre Réck. Maacht wgl. dës Beweegung. Patient: Esou? Kiné: Jo. An elo béckt Iech no vir. Patient: Aua, do deet et wéi. Kiné: Dir hutt warscheinlech eng kleng Muskelverspanung. Ech maachen e puer Übungen mat Iech, fir dass et besser gëtt. Patient: Däerf ech elo eng Zäit laang kee Sport méi maachen? Kiné: Genee, fir e puer Deeg, dat ass besser fir Iech, Dir sollt Äre Réck net ze vill belaaschten. Patient: A kann ech doheem eppes maachen? Kiné: Jo. Ech weisen Iech e puer einfach Übungen. Maacht se eemol oder zweemol den Dag. Patient: Ok, merci. Kiné: Gär. A wann de Wéi méi staark gëtt, gitt nach eemol bei Ären Dokter. Patient: Maachen ech. Merci a bis d'nächst Kéier! Kiné: Et ass gär geschitt. Bis d'nächst Kéier! A2 – Eng Rechnung vum Kiné Sekretärin: Gudde Moien, Praxis vum Kiné, wéi kann ech Iech hëllefen? Cliente: Gudde Moien. Mäin Numm ass Sophie Weber. Ech hunn eng Rechnung vun Iech kritt, mee ech verstinn net, firwat. Sekretärin: Kënnt Dir mir wgl. Äre Gebuertsdatum soen? Cliente: Jo, de 14. Mäerz 1985. Sekretärin: Merci. An ëm wéi eng Rechnung geet et? Cliente: Et ass eng Rechnung iwwer 50 Euro. Do steet, datt ech bei engem Rendez-vous war. Mee ech war guer net bei Iech. Sekretärin: Ech kucken dat kuerz no. Hat Dir dëse Mount e Rendez-vous bei eis? Cliente: Jo, ech hat e Rendez-vous en Dënschdeg um 10 Auer. Sekretärin: Dat stëmmt. Dir hat en Dënschdeg um 10 Auer e Rendez-vous beim Kiné. Cliente: Jo, mee ech sinn net gaangen. Ech war krank a konnt net kommen. Sekretärin: A, ech verstinn. Dat ass warscheinlech de Grond fir d’Rechnung. Cliente: Firwat? Ech war dach net do! Sekretärin: Jo, dat ass richteg. Mee wann een net op de Rendez-vous kënnt as sech net ofmellt, gëtt de Rendez-vous trotzdeem verrechent. Cliente: Aha. Dat wousst ech net. Sekretärin: Dat steet och an eise Reegelen. Wann een net komme kann, muss een eis am beschten esou séier wéi méiglech uruffen. Cliente: Ech verstinn. Mee ech war deen Dag wierklech krank an ech hunn einfach net dru geduecht. Sekretärin: Dat kann natierlech geschéien. Cliente: Kann een do näischt maachen? Ech fannen 50 Euro zimmlech vill, wann ech guer net do war. Sekretärin: Ech verstinn Iech. Ech schwätzen emol mam Kiné. Waart wgl. eng Minutt. Cliente: Jo, kee Problem. Sekretärin: Merci fir d’Waarden. Ech hu mam Kiné geschwat. Well et déi éischt Kéier war, datt Dir e Rendez-vous verpasst hutt, maache mir dës Kéier eng Ausnam. Cliente: Wierklech? Dat ass ganz léif! Sekretärin: Jo. Mir annuléieren d’Rechnung dës Kéier. Mee wann Dir nach eng Kéier net komme kënnt, musst Dir eis wgl. uruffen. Cliente: Jo, dat maachen ech. Ech hunn elo verstanen, wéi et funktionéiert. Sekretärin: Ganz gutt. A wann Dir wëllt, kënne mir Iech och direkt en neie Rendez-vous ginn. Cliente: Jo, gär. Hutt Dir d’nächst Woch nach Plaz? Sekretärin: Jo. Dir kënnt en Dënschdeg um 11 Auer oder en Donneschdeg um 15 Auer kommen. Cliente: En Donneschdeg um 15 Auer passt gutt. Sekretärin: Perfekt. Dann hunn ech Iech fir en Donneschdeg um 15 Auer opgeschriwwen. Cliente: Super, merci fir Är Hëllef! Sekretärin: Gär geschitt. An denkt drun: Wann Dir net kënnt, rufft eis wgl. un. Cliente: Jo, dat maachen ech. Äddi! Sekretärin: Äddi a bis en Donneschdeg!

Shows are listed from Apple Podcasts' charts and directory, and Podcast Index where it is used. Every show and episode belongs to its publisher and plays from the publisher's own feed; this site hosts none of them.
