# Halloween-Special 2026

An episode of [Poterkëscht vum INLL](https://invisiblenetwork.ai/podcast/1731814095), 29 Oct 2026, 6:22.

Audio: https://anchor.fm/s/f1c8499c/podcast/play/127950690/https%3A%2F%2Fd3ctxlq1ktw2nl.cloudfront.net%2Fstaging%2F2026-9-23%2F1d91f8d8-abf4-34ef-05cd-cd5cc55e61a5.mp3

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun enger onheemlecher Halloweennuecht erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Mara: Ech muss iech eppes erzielen. Ech hat gëschter Owend déi komeschst Halloween-Nuecht vu mengem Liewen. Lina: O, elo sinn ech awer gespaant. Wat ass geschitt? Tom: Waart, looss mech roden: Du hues e Geescht gesinn? Mara: Vläicht. Ech weess et selwer net. Ech war gëschter eleng doheem, well dir zwee jo ofgesot hat. Lina: Sorry! Ech war wierklech midd. Mee wat ass geschitt? Mara: Géint zéng Auer huet et un der Dier geklappt. Dräimol. Tom: Warscheinlech Kanner, déi Séissegkeete wollten. Mara: Dat hunn ech och geduecht. Ech hunn duerch de Spioun gekuckt an do stoung e klengt Kand mat engem wäisse Läinduch iwwer dem Kapp. Lina: An du hues d’Dier opgemaach? Mara: Ech hunn d’Dier e bëssen opgemaach, mee op eemol war d’Kand verschwonnen. Tom: Dat kann net sinn. Vläicht ass et einfach fortgelaf. Mara: Ech hunn och geduecht, ech hätt mech geiert. Mee dunn ass eppes nach méi Komesches geschitt. Lina: Wat? Mara: Mäi Computer huet op eemol eng Noriicht ugewisen. Tom: Wat fir eng Noriicht? Mara: Do stoung: „Maach d’Dier net op.“ Lina: Dat ass awer net méi witzeg. Tom: Vläicht huet een dech einfach veräppelt. Konnts du net gesinn, vu wiem d’Noriicht koum? Mara: Dat war jo de Problem. Ech hunn eng zweet Noriicht kritt: „Ech sinn nach ëmmer dobaussen.“ Lina: Ech kréien elo schonn Héngerhaut. Tom: A wat hues du gemaach? Mara: Ech hu meng Mamm ugeruff. Déi huet mech gefrot, ob ech sécher wier, datt ech eleng doheem wier. Lina: Gutt, datt s de mat hir schwätze konnts, du waars de net esou eleng. Mara: Jo, mee du war beemol d’Netz fort an ech konnt kee méi uruffen. Tom: An dunn? Mara: Sinn all d’Luuchten ausgefall. Lina: Nee! Ech hätt direkt d’Haus verlooss. Mara: Ech och. Mee dunn hunn ech e Geräisch héieren. Tom: Virun der Hausdier? Mara: Nee. Et huet aus dem Keller geklappt. Lina: Aus dem Keller? Mara: Jo. An dat Schlëmmst war: D’Kellerdier war op. Dobäi war déi zënter Méint schonn zougespaart. Lina: Ech soen dir éierlech: Ech wier do net erofgaangen. Mara: Ech och net. Mee ech hunn eng Luucht am Keller gesinn. Ech sinn e puer Schrëtt méi no gaangen an hunn en Telefon um Buedem gesinn. Tom: Däin Telefon? Mara: Nee, dat war dat Komescht. Ech hat mäin Telefon nach an der Hand. Lina: Wat stoung um Telefon? Mara: Eng Noriicht: „Ech hu gesot, du solls d’Dier net opmaachen.“ Tom: Dat ass wierklech grujeleg. Mara: An dunn hunn ech eng Stëmm hannert mir héieren. Lina: Wat huet si gesot? Mara: „Du hues mech awer eragelooss.“ Tom: Ok... dat ass de Moment, wou ech definitiv fortgelaf wier. Lina: Ech och! An hues du dech ëmgedréint? Mara: Nee. Tom: Firwat net? Mara: Well ech Angscht hat, ze gesinn, wien hannert mir stoung. Lina: A wat hues du du gemaach? Mara: Ech hunn e bëssi gewaart a wéi alles roueg war, sinn ech a meng Kummer gaangen, hu mech agespaart an iergendwann sinn ech ageschlof. Tom: A moies? Mara: Moies war d’Kellerdier nees zou. Lina: A soss? Mara: Op mengem Kichendësch louch e klengen Ziedel. Tom: Wat stoung drop? Mara: „Merci fir d’Invitatioun. Déi nächst Kéier komme mir méi fréi.“ Lina: Dat ass net méiglech... Tom: Du has eis jo fir Halloween invitéiert. An op denger Invitatioun stoung: „D’Party fänkt um 22 Auer un.“ Lina: Awer mir waren ni bei dir. Mara: Ech weess. Tom: Da war vläicht een aneren op denger Party... Mara: ...an ech mengen, hien ass nach ëmmer do.

Shows are listed from Apple Podcasts' charts and directory, and Podcast Index where it is used. Every show and episode belongs to its publisher and plays from the publisher's own feed; this site hosts none of them.
